Google-Benotzerdaten

Dës Säit ergänzt eis Informatiounen zum Dateschutz fir Leit, déi e Google-Kalenner mat braddl Notes verbannen.

Limited Use

D'Benotzung an den Transfert vun Informatiounen, déi braddl Notes vu Google-APIe kritt, entsprécht der Google API Services User Data Policy an der Google Workspace API User Data and Developer Policy, inklusiv den Ufuerderunge vu Limited Use.

Wat braddl Notes liest

braddl Notes freet Google just no Liesrechter op d'Evenementer an Ärem Kalenner an no der Kennung vun Ärem Kont. Et liest Är nächst Reuniounen, an dovun nëmmen dës Informatiounen: den Titel, den Datum an d'Auerzäit, d'Nimm an d'E-Mail-Adresse vun de Participanten an de Link fir an d'Reunioun. Domat weist et Är Reuniounen un, Dir entscheet, bei wéi enger de Bot matmécht, an et nennt d'Reunioun an d'Participanten an der Zesummefaassung richteg.

AI-Modeller

D'Zesummefaassunge schreift en AI-Modell, dat braddl selwer host a bedreift, op sengen eegene Serveren zu Lëtzebuerg. Den Titel an d'Nimm vun de Participanten aus Ärem Google-Kalenner veraarbecht dëst Modell just op eise Serveren: si ginn ni un den urspréngleche Fournisseur vum Modell oder un en aneren AI-Déngscht geschéckt, a braddl Notes benotzt keen AI-Déngscht vun Drëttubidder. Är Google-Benotzerdaten an alles, wat dovun ofgeleet ass, ginn ni benotzt, fir en AI- oder Machine-Learning-Modell ze erstellen, ze trainéieren oder ze verbesseren, weder eist nach dat vun engem aneren.

Späicheren, Schutz a Läschen

Wéi dës Daten gespäichert, geschützt, zréckgezunn a geläscht ginn, steet an eisen Informatiounen zum Dateschutz, déi integral gëllen.

Dateschutz