Rechtleches

Impressum

braddl S.à r.l.9, rue du Laboratoire, L-1911 Luxembourgmoien@braddl.lu · +352 691 227 781Geranten: Daniel Antunes Costa Goncalves a Le Minh NguyenRCS Luxembourg B311270TVA LU37751061

Dateschutz

braddl S.à r.l. ass verantwortlech fir déi perséinlech Daten, déi op braddl.lu veraarbecht ginn. Dësen Hiweis erkläert, wat de Site veraarbecht a firwat.

D'Demoen

Wann Dir d'Speech-to-Text- oder d'Text-to-Speech-Demo benotzt, ginn den Audio, deen Dir ophuelt oder eropluet, an den Text, deen Dir agitt, un eis Serveren zu Lëtzebuerg geschéckt, fir eng Transkriptioun oder eng Audiodatei ze maachen. Mir veraarbechten se nëmmen, fir Iech dat Resultat zréckzeginn. Audio an Text aus den Demoe ginn net benotzt, fir eis Modeller ze trainéieren, a gi mat kengem gedeelt.

Technesch Daten

Eis Serveren halen déi üblech Server-Logs, wéi Är IP-Adress, d'Zäit vun der Ufro an déi opgeruff Säit, fir de Site sécher ze halen. De Site setzt keng Cookies a benotzt keng Analys- oder Tracking-Tools.

Kontakt

Wann Dir eis schreift oder urufft, behale mir Är Noriicht esou laang, wéi mir se brauchen, fir Iech ze äntweren.

braddl Notes an Äre Kalenner

braddl Notes leeft op notes.braddl.lu. Wann Dir do Äre Google- oder Microsoft-Kalenner verbannt, liest braddl Notes Är nächst Reuniounen, an dovun nëmmen dës Informatiounen: den Titel, den Datum an d'Auerzäit, d'Nimm an d'E-Mail-Adresse vun de Participanten an de Link fir an d'Reunioun. Domat weist et Är Reuniounen un, an Dir entscheet, bei wéi enger de Bot matmécht. Wann de Bot bei enger Reunioun dobäi war, benotzt braddl Notes den Titel an d'Nimm vun de Participanten, fir d'Reunioun an d'Leit an der Zesummefaassung richteg ze nennen. Den Zougang ass nëmme fir ze liesen: braddl Notes kann an Ärem Kalenner näischt erstellen, änneren oder läschen. Mir liesen de Kalenner reegelméisseg nei, fir datt Är Reuniounen aktuell bleiwen. Fir näischt anescht benotze mir Kalenner-Daten: si ginn net benotzt, fir iergendee Modell ze trainéieren, gi mat kengem gedeelt an net verkaaft. Dir kënnt d'Verbindung zu all Moment an Ärem Profil ofbriechen. Mir zéien den Zougang da bei Google oder Microsoft zréck a läschen de Schlëssel. Reuniounen aus Ärem Kalenner, déi mir nach gespäichert hunn, läsche mir op Ufro u moien@braddl.lu.

Wéi mir Kalenner-Date schützen

Kalenner-Daten an de Schlëssel fir den Zougang, dee mir vu Google oder Microsoft kréien, ginn nëmmen op eise Serveren zu Lëtzebuerg gespäichert, op verschlësselte Festplacken. De Schlëssel fir den Zougang gëtt zousätzlech mat AES-256 verschlësselt, mat engem anere Schlëssel, deen net an der Datebank läit: eng Kopie vun der Datebank eleng mécht also kengem säi Kalenner op. All Verbindung, iwwer déi Kalenner-Date lafen, ass verschlësselt: TLS tëscht Ärem Browser, eise Serveren an Ärem Kalenner-Fournisseur, an e verschlësselt privat Netzwierk tëscht eisen eegene Serveren. Administrativen Zougang zu dëse Serveren huet just de Grënnungsteam vu braddl, jiddereen mat sengem eegene Schlëssel; SSH-Aloggen iwwer e Passwuert ass ausgeschalt.

Kalenner-Daten an AI

D'Zesummefaassunge schreift en AI-Modell, dat braddl op sengen eegene Serveren zu Lëtzebuerg bedreift. Kalenner-Date ginn un keen aneren AI-Déngscht a ginn ni benotzt, fir en AI-Modell ze trainéieren oder ze verbesseren.

Weider Informatioune fir Leit, déi e Google-Kalenner verbannen

Är Rechter

Dir kënnt eis froen, wéi eng perséinlech Daten iwwer Iech bei eis gespäichert sinn, a se korrigéieren oder läsche loossen. Schreift u moien@braddl.lu. Dir kënnt Iech och bei der Lëtzebuerger Dateschutzautoritéit, der CNPD, beschwéieren.